De Feierwon
De Feierwon dén as bereet,
E päift durch d'Loft a fort e geet,
Am Dauschen iwer d'Stroos vun Eisen,
An hie geet stolz den Noper weisen,
Dat mir nun och de Wee hu fond,
Zum éiweg grousse Völkerbond,
Refr.:
Kommt hier aus Frankräich, Belgie, Preisen,
Mir wellen iech ons Hémecht weisen,
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Frot dir no alle Säiten hin,
Mir welle bleiwe wat mir sin.
Mir hale fest un onser Scholl,
Vu Léift fir d'Land sin d'Hiezer voll;
Wa mir och keng Milliounen zielen,
Dir gëtt ons uechter d'Welt ze wielen;
Mir ruffen all aus engem Monn :
Ke bessert Land beschéngt jo d'Sonn !
D'Natur, déi laacht ons iwerall,
Si rëscht de Biereg an den Dall
Mat Fielse wéi gewalteg Riesen,
Stret Blummen iwer Gart a Wisen:
Ké Keppchen Ierd, wou Halm a Räis
Net riede vun dem eise Fläiß
An dVollk a mengem Heemechtsland
Huet géint all Mënsch dHäerz op der Hand
Seng Fräiheet deet em Ae blénken
An dTrei déi deet seng Wierder klénken
Seng Sprooch mat hire friemen Téin
DGemittlechkeet déi mecht se schéin.
An hudd dir dann de Wäert erkannt
Vum klenge Lëtzebuerger Land,
An dir musst fort ëm vun aïs goen
Da kënnt dir an der Heemecht soen:
" ass dGréisst net grad, déi dGléck bedeit
Well an deem Land si glécklech Leit!"